Skip to main content

Aktuelles

14/09/2023

LALUX kollaboréiert mat Circu Li-Ion

Déi jonk Startup Circu Li-ion ass 2021 vun de Lëtzebuerger Antoine Welter an Dr. Xavier Kohll gegrënnt gi mat dem Ziel d’Liewensdauer vun den Zelle vun all Lithium-Ion Batterie ze verlängeren.

D’Firma huet een automatiséierten an evolutiven Prozess entwéckelt, deen et erméiglecht bis zu 80% vun den Zelle vun enger Lithium-Ion Batterie weider ze verwenden. Doduerch kënnen 80% un CO2 Emissioune souwéi Matière Premièren agespuert ginn, an Offall reduzéiert ginn. Par Rapport zum klassesche Recycling, spuert dës Approche weider 48% un CO2 Emissiounen an.

Mam Opkommen vum Konzept vun der Kreeslaf-Wiertschaft huet Circu Li-ion schonn eng sëllege Präisser gewonne (wéi zum Beispill d’Victoire beim leschten Creative Young Entrepreneur Luxembourg Concours (CYEL 2022).

Zieler vun dëser Kollaboratioun :

  • Fir Circu Li-Ion : méi Notorietéit a Kontakter mat relevanten Entreprisen déi potenziell un hirer Aktivitéit interesséiert sin
  • Fir LALUX : eng lokal an innovativ Initiativ ënnerstëtzen, déi eng Äntwert op e steigende Besoin duerstellt a gläichzäiteg perfekt an d’CSR/RSE Strategie vum LALUX-Grupp passt (drëtte Pilier)

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by