Skip to main content

Datenschutz

Dës Dateschutzrichtlinn beschreift, wéi Är perséinlech Donnéeën gesammelt, benotzt a weidergi ginn, wann Dir www.collette.lu (d’„Websäit“) besicht.

Perséinlech Informatiounen, déi mir sammelen

Wann Dir d’Websäit besicht, erfaasse mir automatesch bestëmmt Informatiounen iwwert Äert Gerät, aschléisslech Informatiounen iwwert Äre Webbrowser, Är IP-Adress, Är Zäitzon an e puer Cookies, déi op Ärem Gerät installéiert sinn. Wann Dir op der Websäit surft, erfaasse mir ausserdeem Informatiounen iwwert eenzel Websäiten oder Produkter, déi Dir iech ukuckt, wéi eng Websäiten oder Sichbegrëffer Iech op eis Websäit geleet hunn, an Informatiounen driwwer, wéi Dir mat der Websäit interagéiert. Mir bezeechnen dës automatesch gesammelt Informatiounen als „Geräteinformatiounen“.
Mir erfaassen Geräteinformatiounen mat Hëllef vun de folgenden Technologien:
  • „Cookies“ sinn Datendateien, déi op Ärem Gerät oder Computer ofgeluecht ginn an oft eng anonym eendeiteg Kennung enthalen. Weider Informatiounen iwwert Cookies a wéi Dir Cookies desaktivéieren kënnt fannt Dir ënnert www.allaboutcookies.org.
  • „Logdateien“ verfollegen d’Aktiounen op der Websäit an erfaassen Donnéeë wéi Är IP-Adress, de Browsertyp, den Internetprovider, d’Verweis- an Ausgangssäiten sou wéi Datum- an Zäitstempel.
  • „Web Beacons“, „Tags“ a „Pixel“ sinn elektronesch Dateien, déi zur Opzeechnung vun Informatiounen, wéi Dir op der Websäit surft, benotzt ginn.
Wann mir an dëser Dateschutzrichtlinn iwwert „perséinlech Donnéeën“ schwätzen, menge mir Geräteinformatiounen.

Wéi benotze mir Är perséinlech Donnéeën?

Mir benotzen déi vun eis gesammelt Donnéeën, fir:
  • Mat Iech ze kommunizéieren, wann Dir eis eng Noriicht iwwert eis Kontaktsäit schéckt;
  • Eis Websäit mat Ärer Hëllef ze verbesseren an ze optiméieren (z.B. duerch d’Erstelle vun Analysen, wéi eis Clienten d’Websäit duerchsichen an domat interagéieren, a fir de Succès vun eise Marketing- a Werbecampagnen ze bewäerten).

Weiderleedung vun Äre perséinlechen Informatiounen

Mir ginn Är Donnéeën un Drëtter weider, déi eis wéi uewe beschriwwen dobäi hëllefen, Är perséinlech Donnéeën ze benotzen. Zum Beispill benotze mir Google Analytics, fir ze verstoen, wéi eis Clienten d‘ Websäit benotzen – Hei kënnt Dir méi driwwer liese wéi Google Är perséinlech Donnéeë benotzt: google.com/intl/de/policies/privacy/. Dir kënnt Iech och hei vu Google Analytics ofmellen: tools.google.com/dlpage/gaoptout/.
Zudeem kënne mir Är perséinlech Donnéeën och weiderginn, fir gëllent Gesetzer a Virschrëften anzehalen, fir op eng Convocatioun, eng Perquisitioun oder eng aner rechtméisseg Ufro no Informatiounen ze reagéieren, déi mir erhalen, oder fir eis Rechter anerwäerts ze schützen.

Är Rechter

Wann Dir Äre Sëtz an Europa hutt, hutt Dir d’Recht, op déi vun eis gespäicherten Donnéeën zouzegräifen an d’Richtegstellung, Aktualiséierung oder Läschung vun Äre persounebezunnen Donnéeën ze verlaangen. Wann Dir vun Ärem Recht Gebrauch maache wëllt, kontaktéiert eis w.e.g. iwwer déi ënnen opgelëschte Kontaktdonnéeën.

Späicherung vun Donnéeën

Wenn Sie unsere Website besuchen, werden wir Ihre Informationen für unsere Unterlagen aufbewahren, bis Sie uns bitten, diese Informationen zu löschen.

Ännerungen

Mir behalen eis d’Recht, eis Dateschutzrichtlinn ze änneren, fir Aktualiséierunge vun eise Geschäftsprozesser, aktuell akzeptabel Praktiken oder gesetzlech oder regulatoresch Ännerungen ze berécksiichtegen.

Kontaktéiert eis

Wann Dir weider Informatiounen iwwert eis Dateschutzpraktiken wënscht oder froen hutt, kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail un dan.collette@agence.lalux.lu.

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by