Skip to main content

Assurancë fir Privatclienten

Assurancë fir de Bau

Bei engem Bau-, Ëmbau oder Renovatiounsprojet kann et zu villen Zorte vu Schied kommen.

Wärend dem Chantier kënnt et net seelen zu Schied, déi duerch e Stuerm oder e Brand verursaacht ginn, zu Rëss am Nopeschgebai, Déifstall vu Baumaterial oder och nach Waasserinfiltratiounen.

Wann d’Aarbechte bis ofgeschloss sinn, kënnen ëmmer nach Problemer opdauchen, wéi Fiichtegkeet an de Kellermaueren, Rëss an der Fassad oder am Buedembelag, Plättercher, déi lassginn, oder e Waasserschued a Verbindung mat enger Buedemheizung.
Dir kënnt ganz berouegt sinn, mat de Bauassurancë vun APROBAT LALUX Assurances sidd Dir gutt geschützt!

Virdeeler

  • Äre Chantier gëtt vu Spezialisten iwwerwaacht

    Dir hutt weeder d’Zäit nach dat néidegt Wëssen, fir Äre Chantier ze kontrolléieren? Vertraut op d’Zouverlässegkeet, den Know-how an d’Erfarung vun der APROBAT-Ekipp, déi sech aus Ingenieuren an op de Bauberäich spezialiséierte Mataarbechter zesummesetzt. Si këmmere sech ëm alles!

  • Manner Kontrollkäschten

    Wann de Wäert vum Bau ënner 5.000.000 € läit, braucht Dir keen externe Kontrollbüro ze beoptragen. D’Kontrolle gi prezis a professionell vun eise Spezialisten iwwerholl. Dëst zu Lëtzebuerg eenzegaartegt Konzept reduzéiert d’Käschten a vereinfacht d’Prozeduren.

  • Evitéiert de Stëllstand vun den Aarbechten

    D’Bauassurance erlaabt et, am Fall vun engem Schued eng séier Reegelung ze fannen, well all déi Bedeelegt als Assuréë betruecht ginn. Esou gëtt en eventuelle Stëllstand vun Ärem Chantier verhënnert an all d’Schied ginn direkt iwwerholl.

  • Eng Faillite vum Entrepreneur ass kee Problem

    Mat der Zéngjores-Haftflichtversécherung kënnt Dir sécher sinn, am Fall vun engem Schued indemniséiert ze ginn, esouguer bei enger Faillite vum Entrepreneur.

Assurancë fir de Bau

Bei weideren Froen, mellt
Iech gären bei eis.

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by