Skip to main content

Assurancë fir Privatclienten

easyPROTECT Accident

En Accident gehéiert zu de Gefore vum Alldag, an all Mënsch kann dovu betraff sinn.
Wann Dir gär Sport maacht, reest oder am Gaart schafft, da séchert easyPROTECT Accident déi kleng alldeeglech Malheuren of, déi Äert Liewen an dat vun Ärem noen Ëmfeld déifgräifend verännere kënnen.

easyPROTECT Accident këmmert sech an alle Situatiounen ëm Iech:

  • bei Ären Deplacementer (als Foussgänger, Chauffer a Passagéier)
  • bei Äre gewinnten Aktivitéiten (Haushaltsaarbecht, Bastelaarbechten am a ronderëm d’Haus)
  • an Ärer Fräizäit (Vakanzen, net professionelle Sport asw.)
  • bei Äre berufflechen Aktivitéiten (optional Garantie)

Virdeeler

  • Eng Versécherung fir Iech an Äert not Ëmfeld

    Konfiguréiert Är Assurance esou, dass se bei Är familiär Situatioun passt. Mat der Formel „Famill“ sinn all d’Kanner, déi op där selwechter Adress wunnen, bis zum Alter vun 18 Joer (27 am Fall vu verlängerte Studien) zum eenheetlechen Tarif matverséchert, egal wéi vill Kanner et sinn.

  • Zu Lëtzebuerg, an Europa a weltwäit

    Äre Versécherungsschutz gëllt fir d’ganzt Joer – zu Lëtzebuerg an an Europa – a gëtt fir all Openthalt vu bis zu 3 Méint op d’ganz Welt erweidert.

  • Geleeëntlechen Extreemsport

    Och Extreemsport, dee geleeëntlech praktizéiert gëtt, ass verséchert (Tauchen, Bungeesprangen, Fallschiermsprangen). Fir déi, déi dës Sportaarte méi dacks ausüben, kann de Versécherungsschutz op d’ganzt Joer erweidert ginn.

  • Steierlech Virdeeler

    Är Primme fir d’Assurance easyPROTECT Accident kënnen als „Dépenses spéciales“ vun de Steieren ofgesat ginn (Artikel 111, maximal 672 € d’Joer).

easyPROTECT Accident

Bei weideren Froen, mellt
Iech gären bei eis.

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by