Skip to main content

Assurancë fir Privatclienten

easyPROTECT Auto

Assurancë fir Autoen, Motoen an aner Gefierer

Ob Dir privat oder berufflech, mat der Famill oder eleng ënnerwee sidd, Ären Auto begleet Iech dagdeeglech op villen Trajeten. An egal ob Dir e jonken oder en erfuerene Chauffer sidd, eppes Onerwaartes kann ëmmer geschéien.

D’Assurance easyPROTECT Auto vu LALUX séchert Iech ëmfaassend of a schützt net nëmmen Äert Gefier, mee och all d’Passagéier an Äert Gepäck.

Eis Formel Performance (Kasko/Omnium) bitt Iech en optimale Schutz géint all Zorte vu Schied, ouni onerwaart Käschten! Profitéiert elo vun der kompletter Offer u Servicer vum beléiftsten Assureur zu Lëtzebuerg.

Virdeeler

  • Schutz vun Ärem Bonus no engem Materialschued

    Mat der Formel Performance geet Är Primm no materielle Schied un Ärem Gefier net an d’Luucht.

  • Keng Franchise am Fall vun engem versécherte Schued

    Integrale Remboursement am Fall vun engem versécherte Schued.
    Keng Franchise fir jonk Chaufferen, wann dës am Kontrakt als Chauffer genannt ginn.

  • Top Assistance inklusiv

    Depannage- an Ofschleefdéngscht (24/7) am Fall vun enger Pann oder engem Accident, deen Äert Gefier immobiliséiert, sief et zu Lëtzebuerg – och bei Iech doheem – oder am Ausland. Assistance a Récktransport vum Gefier a vun de Passagéier.

  • Ersatzgefier

    Är Mobilitéit ass ëmmer garantéiert, egal wat geschitt: bis zu 5 Deeg am Fall vun enger Pann, bis zu 15 Deeg am Fall vun engem versécherten Accident, a bis zu 61 Deeg am Fall vun Déifstall.

easyPROTECT Auto

Bei weideren Froen, mellt
Iech gären bei eis.

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by