Skip to main content

Assurancë fir Privatclienten

easyPROTECT Haus a Wunneng

Appartementer oder Haiser, fir Proprietären oder Locatairen

easyPROTECT Haus a Wunneng ass eng Multirisk-Hausversécherung, déi sech un Är Besoinen an Ufuerderungen upasst an Iech d’Liewe méi einfach mécht.

Méi flexibel, gëtt easyPROTECT Haus a Wunneng den Erwaardunge vu jidderengem gerecht. Dir wëllt eng Assurance à la carte mat villen Optiounen zur Auswiel? Dir hätt léiwer eng All-inclusive-Formel? Béides ass méiglech.

Ob Dir an Ärem eegenen oder an engem gelountenen Haus oder Appartement wunnt, easyPROTECT Haus a Wunneng bitt Iech en ëmfaassende Versécherungsschutz, dee sech perfekt un Äre Liewensstil upasst.

Personaliséiert Äre Versécherungskontrakt a schützt Äert Doheem a seng Dependancë géint all Zorte vu Schied, ouni onerwaart Käschten.

Virdeeler

  • E Kontrakt op d’Mooss

    Fir Iech esou vill Flexibilitéit ewéi méiglech ze bidden, proposéiert LALUX 3 verschidde Versécherungsformelen: Sécurité, Confort a Performance, genee ewéi speziell Packagen, fir Ären Erwaardunge besser gerecht ze ginn. Personaliséiert Äre Versécherungskontrakt mat deenen Optiounen, déi fir Iech interessant sinn.

  • Speziell un Äre Liewensstil ugepasste Packagen

    Hutt Dir eng Schwämm oder Solarpannoen? Fuert Dir E-Bike? Dir reest immens gär? Entdeckt déi verschidde Packagen, déi Ärem Liewensstil entspriechen a bei Är Assurance fir Haus a Wunneng derbäigesat kënne ginn. Fir Iech beschtméiglech versécheren ze kënnen, ass et wichteg Är Besoine gutt ze kennen. A wat Dir méi Optiounen derbäisetzt, wat Dir méi e favorabelen Tarif kritt!

  • E komplette Schutz géint Schied duerch schlecht Wieder

    D’Garantie Stuerm, Knëppelsteng, Tornado, Äerdbiewen ass an der Formel Sécurité dran.
    Mat der Zousazgarantie Klimagefore sidd Dir optimal géint Naturkatastrophe wéi Iwwerschwemmungen, Réckstau oder Iwwerlafe vun der Kanalisatioun, genee ewéi den Uewerflächenoffloss oder d’Usammele vu Reewaasser verséchert.

  • Multimedia- an digitaalt Material a Museksinstrumenter

    Mat dësem Package kënnt Dir Äert informatescht, audiovisuellt, Haushalts-, Alarm- an Domotikmaterial géint Broch an Déifstall doheem a weltwäit am Fall vu portabele Geräter versécheren. Dank dem Wäertgéigestänn Package ginn all dëst Material bis zu 5 Joer an der Héicht vum Neiwäert entschiedegt.

easyPROTECT Haus a Wunneng

Bei weideren Froen, mellt
Iech gären bei eis.

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by