Skip to main content

Assurancë fir Privatclienten

Liewensversécherungen

Liewensversécherunge sinn en ideale Schutz géint ongeplangten Evenementer am Liewen. Si bidde gëeegent Léisungen, fir Är Famill ze schützen, Äert Kapital ze entwéckelen, Är Pensioun virzebereeden oder Ären Immobiliekredit ofzesécheren. Mir bidden Iech eng breet Gamm u Varianten, déi op Är Besoinen, Är finanziell Verhältnisser an Är familiär Situatioun zougeschnidde sinn.

Entdeckt déi verschidde Liewensversécherunge vu LALUX

  • easyLIFE Pension

    Spuert fir eng Zousazpensioun a profitéiert gläichzäiteg vu bedeitende steierleche Virdeeler. easyLIFE Pension bitt Iech 2 Formelen un: eng mat garantéiertem Kapital an eng mat der Méiglechkeet, an Investmentfongen ze investéieren.

  • easyLIFE Prévoyance

    Séchert de Liewensstandard vun Äre Léifsten of oder garantéiert de Fortbestand vun Ärer Entreprise am Stierffall. D’Assurance décès vu LALUX-Vie ass eng klassesch Léisung, mat där Dir virsuerge kënnt.

  • lalux-Education

    Dir wëllt Är Kanner schützen an hir Zukunft och am Stierffall ofsécheren? Mat lalux-Education kënnt Dir eng Kapitalversécherung ofschléissen a gläichzäiteg vun engem garantéierte Rendement profitéieren.

  • easyLIFE Mixte

    Mat easyLIFE Mixte kënnt Dir d’Spueren an de Schutz vun Äre Léifste matenee verbannen, an zousätzlech nach vu steierleche Virdeeler profitéieren.

  • easyLIFE Invest for Future

    Sidd Dir op der Sich no enger interessanter a verantwortlecher Alternativ, déi Ären etheschen, sozialen an ekologesche Wäerter entsprécht? Mat easyLIFE Invest for Future kënnt Dir Kapitalschutz an d’Leeschtung vun Investitiounsfonge kombinéieren.

  • Reschtscholdversécherung

    D’Reschtscholdversécherung, onëmgänglech bei Projeten, déi iwwer e Prêt bei enger Bank finanzéiert ginn, schützt Är Famill viru finanzielle Problemer am Stierffall.

Liewensversécherungen

Bei weideren Froen, mellt
Iech gären bei eis.

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by