Skip to main content

Assurancë fir Privatclienten

Package Reesen

Vakanz mat der Famill, e klengen Trip an der Koppel oder eleng d’Welt entdecken? Déi verschidde Reesversécherungsformele vu LALUX bidden Iech ideale Schutz op d’Mooss – fir Iech a fir Är Famill. Profitéiert vun Ären Deplacementer an der ganzer Welt an d’ganzt Joer iwwer – Dir sidd gutt verséchert. A lass!

Virdeeler

  • Annulatioun (Récktrëtt) vun der Rees

    D’Reesversécherung fir d’ganzt Joer ass eng Annulatiounsassurance, déi Iech am Fall vu Krankheet, engem Accident, Doud oder engem anerem onerwaarten Evenement de Remboursement vun de Reservatiounskäschte vun Ären Openthalter am Ausland a vu méi wéi 4 Deeg zu Lëtzebuerg garantéiert.

  • Verspéidung vum Fliger

    Äre Fliger huet méi ewéi 4 Stonne Verspéidung, Dir sidd vun engem Overbooking betraff oder verpasst Ären Uschlossfluch wéinst enger Verspéidung vum Fluch virdrun? Mat der Joresreesversécherung ginn Är Hotels-, Restaurants- an Transfertskäschten iwwerholl.

  • Remboursement vun der Franchise vum Locatiounsauto

    Am Fall vun engem Schued un Ärem Locatiounsauto gitt Dir an Héicht vun der Franchise, déi d’Locatiounsfirma freet, a bis zu maximal 2 500 € rembourséiert.

  • Assistance Annuelle

    D’Gesondheet geet vir! D’Assistance Annuelle fänkt Iech op, wann Dir an der Vakanz oder wärend engem Ausfluch am Ausland onerwaart krank gitt oder en Accident hutt. Récktransport, Sich oder Rettung sinn och abegraff.

  • Assistance-Service 24h/24

    Egal wat geschitt, Dir sidd a gudden Hänn! Am Kader vun der Assistance Annuelle kënnt Dir am Noutfall op déi bescht Servicer zeréckgräifen: sproochlech Ënnerstëtzung, Iwwermëttlung vun Kontaktdonnéeë vu Spideeler, Organisatioun vum Transport oder Transfert an eng Spezialklinick, Austausch vun Informatioune mam Hausdokter oder der noer Famill – mat LALUX sidd Dir ni eleng!

  • Äert Gepäck

    Mat der Optioun Gepäck sidd Dir verséchert, wann Äert Gepäck verluer geet oder wéinst engem Déifstall, engem Iwwerfall oder aus enger vergläichbarer onfräiwëlleger Ursaach beschiedegt gëtt. D’Garantie deckt och Är elektronesch Apparater, den Inhalt vun der Daachbox, Är Vëloen a Schi, mee och gelountent Sportmaterial (Schi, Surfbriet, Paddle…) of. A wann Äert Gepäck Verspéidung huet, gitt Dir fir Saachen, déi dringend hu misse kaaft ginn an onbedéngt noutwendeg sinn, rembourséiert.

Package Reesen

Bei weideren Froen, mellt
Iech gären bei eis.

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by