Skip to main content

Versécherungsléisungen fir Professionell Clienten

Bauversécherunge fir professionell Clienten

APROBAT-Bauversécherunge gi speziell fir professionell Acteuren aus dem Bausecteur recommandéiert, well si domat déi follgend Risike gläichzäiteg ofdecke kënnen:

  • hir Verantwortung fir de gudden Oflaf vun den Immobilieprojeten, fir déi si zoustänneg sinn
  • d’Schied, fir déi all aner Intervenanten, och Sous-traitanten an de Bauhär, verantwortlech sinn

Virdeeler

  • Manner Kontrollkäschten

    Mat APROBAT braucht Dir keen externe Kontrollbüro méi ze beoptragen, wann de Wäert vum Bau ënner 5.000.000 € läit. APROBAT kombinéiert d’Assurance an d’Kontrollen, e Konzept, dat zu Lëtzebuerg eenzegaarteg ass. Domat ginn d’Käschte reduzéiert an d’Prozedure vereinfacht.

  • Séier Ofwécklung vu Schied

    Sollt et zu engem Schued kommen, da geet keng Zäit mat der Sich no engem Verantwortleche verluer, well all déi Bedeelegt als Assuréë betruecht ginn. Dir kënnt Iech esou drop verloossen, datt et zu enger séierer Ofwécklung kënnt, ouni datt Äre Chantier eventuell gestoppt gëtt.

  • Optimale Schutz wärend der Bauzäit an doriwwer eraus

    Duerch den ëmfaassende Versécherungsschutz vun APROBAT ass net nëmmen d’Bauphas ofgeséchert, mä och Är Zéngjores-Haftflicht nom Ofschloss vun de Bauaarbechten.

  • Spezifesch Assurancë fir Professioneller

    APROBAT bitt och optimal Léisungen, fir d’Haftflicht vun Architekten an Ingénieurs conseils ofzedecken.

Bauen PRO

Bei weideren Froen, mellt
Iech gären bei eis.

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by