Skip to main content

Versécherungsléisungen fir Professionell Clienten

lalux-Safe Future

Dir schafft op Ären eegene Kont? An deem Fall kënnt Dir dagdeeglech enger ganzer Rei vu Risiken ausgesat sinn.

Mat lalux-Safe Future kënne mir Iech eng Versécherungsléisung op d’Mooss ubidden, mat där Dir Är Zukunft ofsécheren a gläichzäiteg vun deenen neie steierleche Virdeeler profitéiere kënnt, déi duerch d’Ausdeenung vum Geltungsberäich vum Gesetz iwwer d’Pensiounszousazversécherungen op Fräiberuffler an Independantë méiglech sinn.

Virdeeler

  • Fräie Choix vun de Bäiträg

    Fir Iech esou vill Flexibilitéit ewéi méiglech ze bidden, kënnt Dir Är Pensiounsbäiträg all Joer ouni Penalitéiten un Är Situatioun an un Är Moyenen upassen.

  • Fräie Choix vun den Investissementssupporten

    Wielt selwer d’Supporten aus, an déi Dir Är Suen investéiere wëllt. Dir hutt de Choix tëschent engem garantéierte Rendement an Investmentfongen.

  • Formelen op d’Mooss

    Bestëmmt selwer de Betrag vun Ärem Pensiounskapital a wielt d’Risikogarantien, déi Dir verséchere wëllt (Stierffall, Invaliditéit an/oder Accident) genee ewéi d’Optiounen, déi Dir derbäisetze wëllt, aus.

  • Einfach a séier Souscriptioun

    D’Souscriptioun ass 100 % online, vum éischte Kontakt iwwer de Choix vun de Garantien bis zu der Assurancëpropos.

  • Virdeelhaft Besteierung

    Dir kënnt bis zu 20 % vun Ärem berufflechen Akommes ofsetzen: Steier vun 20,9 % op déi bezuelte Primm. Op d’Leeschtungen, déi ausbezuelt ginn, gëtt zu Lëtzebuerg dogéint keng Akommessteier erhuewen.

Pensioun Selbststänneg

Bei weideren Froen, mellt
Iech gären bei eis.

Rechtshinweiser

Ëffnungszäiten

Méindes - Freides:
08h30 - 17h00
(Op Ufro och ausserhalb
der Ëffnungszäiten)

Kontakt

Followt eis


© Lalux Agence Principale Dan Collette
Design by